NEW Conseiller formation continue - focus (m/w)

ARCUS

  • Luxembourg
  • CDI
  • Temps-partiel
  • Il y a 14 jours
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.Mir siche fir den Service focus, Formatioun an Entwécklung : Educateur gradué (m/w) - 30-40 Stonnen/Woch CDIResponsabilitéitenHues du Loscht am Beräich vun der Weiderbildung ze schaffen a folgend Missiounen ze erfëllen :
  • Organisatioun an Entwécklung vu Formatiounen am Beräich vun der non-formaler Bildung,
  • Entwécklung vu neie Formatiounsmodeller,
  • Ausschaffe vu pedagogesche Projet'en,
  • Austausch mat de Chargé'e bezüglech dem Besoin vun de Formatioune fir hier Ekippen,
  • Recrutement vu neie Formateur'e fir ënnerschiddlech Zilgruppen (Dageselteren, Fleegefamilljen, edukatiivt Personal aus dem Beräich « Service d'Education et d'Accueil » an « Aide à l’Enfance et à la Famille »,
  • Recherche an Evaluatioun vu pedagogeschen Inhalter fir d‘Entwécklung vun neie Formatiounen.
Obligatoresch Ufuerderungen
  • Du hues eng Qualifikatioun am Beräich Sciences Sociales et Educatives,
  • Du hues Kompetenzen an der Erwuessenebildung,
  • Du hues Kenntnisser an der non-formaler Bildung,
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel.
  • Erfarung mat Microsoft 365 an Adobe Pro (fir administrativAarbechten) ass vun Vierdeel
Mir bidden
  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • Een innovatiivt a kreatiivt Aarbechtsëmfeld
  • Eng sympathesch, hëllefsbereet a motivéiert Equipe
  • Méiglechkeet dech an deng Iddie mat anzebréngen
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Moovijob